Speaking · A2
D'Aarbecht Work
Questions & answers
Wat ass Äre Beruff? / Wat maacht Dir berufflech?
Ech hunn Informatik an Indien studéiert. Elo sinn ech Informatiker vu Beruff.
Oder: Ech schaffen an der Informatik. Ech hunn Informatik an Indien studéiert.
English
What is your job? / What do you do for a living?
I studied computer science in India. Now I'm a computer scientist by profession.
Or: I work in IT. I studied computer science in India.
Wat schafft Dir?
Ech schaffen als Informatiker.
English
What do you do for work?
I work as a computer scientist.
Wou schafft Dir momentan?
Ech schaffe bei enger grousser Firma um Kierchbierg.
Oder: Ech schaffen als Informatiker bei enger grousser Firma um Kierchbierg.
English
Where do you work at the moment?
I work at a big company in Kirchberg.
Or: I work as a computer scientist at a big company in Kirchberg.
Zanter wéini schafft Dir do?
Ech si fir d'Aarbecht op Lëtzebuerg geplënnert. Ech schaffen elo zanter siwe Joer do.
Oder: Ech schaffen zanter 2019 do.
English
Since when have you worked there?
I moved to Luxembourg for work. I have been working there for seven years now.
Or: I have been working there since 2019.
Wéi kommt Dir op d'Aarbecht?
Ech fuere mam Auto op d'Aarbecht.
Oder: Heiansdo huelen ech den Zuch, well en gratis ass.
English
How do you get to work?
I drive to work.
Or: Sometimes I take the train, because it's free.
Wéini schafft Dir?
Ech schaffe vu méindes bis freides.
English
When do you work?
I work from Monday to Friday.
Wéini fänkt Dir un ze schaffen a wéini haalt Dir op?
Ech fänken um aacht Auer un an ech halen um fënnef Auer op.
Oder: Ech schaffe vun aacht Auer moies bis fënnef Auer mëttes.
English
When do you start work and when do you finish?
I start at 8 o'clock and I finish at 5 o'clock.
Or: I work from 8 in the morning until 5 in the afternoon.
Wéini gitt Dir schaffen? / Wéini gitt Dir op d'Aarbecht?
Ech ginn um aacht Auer moies op d'Aarbecht.
English
When do you go to work?
I go to work at eight o'clock in the morning.
Wéi laang ass Är Mëttespaus?
Ech hunn normalerweis eng Stonn Mëttespaus, vun zwielef bis ee Auer.
Oder: Ech iessen normalerweis mat menge Kolleegen zu Mëtteg.
English
How long is your lunch break?
I usually have a one-hour lunch break, from 12 to 1.
Or: I usually eat lunch with my colleagues.
Beschreift (kuerz) en typeschen Dag op der Aarbecht!
Ech schaffe meeschtens um Computer. Ech leede verschidde Projeten. Ech hu wichteg Reunioune mat menge Kolleegen an erstellen duerno Berichter. Ech schreiwen och vill E-Mailen a kontrolléiere Rapporten. Ech hëllefen och neie Kolleege bei hirer Aarbecht.
Oder: Ech sinn de ganzen Dag um Computer. Ech hu vill Reuniounen a schreiwe vill E-Mailen.
English
Describe (briefly) a typical day at work.
I mostly work on the computer. I manage different projects. I have important meetings with my colleagues and then I write reports. I also write a lot of emails and check reports. I also help new colleagues with their work.
Or: I'm on the computer all day. I have a lot of meetings and I write a lot of emails.
Gefält Iech Är Aarbecht?
Meng Aarbecht gefält mir immens gutt. Ech fanne se ganz interessant. Ech ka selbststänneg schaffen an hu flexibel Aarbechtszäiten.
Oder: Jo, ech schaffe gär do, well ech vill léieren.
English
Do you like your job?
I like my job very much. I find it very interesting. I can work independently and I have flexible working hours.
Or: Yes, I like working there, because I learn a lot.
Musst Dir fir Är Aarbecht an d'Ausland reesen?
Nee, ech schaffe just hei zu Lëtzebuerg.
Oder: Nee, ech muss net an d'Ausland reesen. Ech schaffen awer heiansdo mat Kolleegen aus anere Länner.
English
Do you have to travel abroad for your job?
No, I only work here in Luxembourg.
Or: No, I don't have to travel abroad. But I sometimes work with colleagues from other countries.
Wéi ass d'Stëmmung op der Aarbecht?
D'Stëmmung ass ganz flott an agreabel. Ech schaffen an engem klengen Team vu véier Leit a meng Kolleege si ganz léif. D'Zesummenaarbecht funktionéiert gutt. Mir maache reegelméisseg Kaffispausen a schwätzen e bëssen iwwer eis Vakanzen oder Hobbyen.
Oder: D'Stëmmung ass super. Mir verstinn eis all gutt.
English
What is the atmosphere like at work?
The atmosphere is very nice and pleasant. I work in a small team of four people and my colleagues are very kind. We work well together. We take regular coffee breaks and talk a little about our vacations or hobbies.
Or: The atmosphere is great. We all get along well.
Musst Dir heiansdo Iwwerstonne maachen?
Nee, ech hu flexibel Aarbechtszäiten a meng Aarbecht ass net stresseg. Ech schaffe just véierzeg Stonnen d'Woch.
Oder: Nee, ech maache keng Iwwerstonnen. Heiansdo schaffen ech e bësse méi laang.
English
Do you sometimes have to work overtime?
No, I have flexible working hours and my job isn't stressful. I only work 40 hours a week.
Or: No, I don't work overtime. Sometimes I work a little longer.
Wat fir Kleeder hutt Dir op der Aarbecht un?
Op der Aarbecht däerfe mir lässeg Kleeder undoen. Ech hunn zum Beispill eng Jeans, e gemittleche Pullover an Turnschong un.
Oder: Ech hunn normalerweis en T-Shirt an eng Box un.
English
What clothes do you wear at work?
At work we can wear casual clothes. For example, I wear jeans, a comfortable sweater and sneakers.
Or: I usually wear a T-shirt and pants.
Wat gefält Iech net esou gutt op der Aarbecht?
Heiansdo gefale mir déi vill Reuniounen net. Verschidde Reuniounen hunn net direkt mat menger Aarbecht ze dinn.
English
What don't you like so much about your work?
Sometimes I don't like the many meetings. Some meetings are not directly related to my work.
Schafft Dir heiansdo vun doheem aus? Wéi dacks?
Jo, ech schaffen eemol d'Woch vun doheem aus.
English
Do you sometimes work from home? How often?
Yes, I work from home once a week.
Wat wëllt Dir an der Zukunft berufflech maachen?
An der Zukunft wëll ech meng eege Firma fir IT-Berodung grënnen.
English
What do you want to do professionally in the future?
In the future, I want to set up my own IT consulting firm.
Tip: Answer with the verb from the question: Wéini haalt Dir op? → Ech halen um fënnef Auer op. 17:00 is still mëttes; owes starts around 18:00. Watch the n-rule: Ech fanne se, but e Pullover an Turnschong (n stays before t).