LëtzQuiz Speaking De Stot maachen an akafe goen
Speaking · A2
De Stot maachen an akafe goen Housework and grocery shopping
Listen first: the INLL podcast episode Imperativ: Op der Aarbecht & Am Stot (Imperative: at work & doing housework) goes with this topic. You can play it in the app. Podcast © INLL, used with permission.
Important verbs
| Infinitive | ech … | Perfekt |
|---|---|---|
| botzento clean | ech botzen | hunn … gebotzt |
| staubsaugento vacuum | ech staubsaugen | hunn … gestaubsaugt |
| opwëschento mop, to wipe up | ech wëschen … op | hunn … opgewëscht |
| spullento wash the dishes | ech spullen | hunn … gespullt |
| wäschento wash | ech wäschen | hunn … gewäsch |
| streckento iron | ech strecken | hunn … gestreckt |
| kachento cook | ech kachen | hunn … gekacht |
| schnëppelento chop, to cut up | ech schnëppelen | hunn … geschnëppelt |
| hëllefento help | ech hëllefen | hunn … gehollef |
| akafe goento go shopping | ech ginn akafen | sinn … akafe gaang |
| kafento buy | ech kafen | hunn … kaaft |
| bestellento order | ech bestellen | hunn … bestallt |
| spuerento save | ech spueren | hunn … gespuert |
| fannento find | ech fannen | hunn … fonnt |
| matbréngento bring along | ech brénge … mat | hunn … matbruecht |
| sech entspanento relax | ech entspane mech | hunn … mech entspaant |
Important words
| Word | English |
|---|---|
| de Stot | housework, the household |
| d'Hausaarbecht | housework |
| de Staubsauger | vacuum cleaner |
| de Buedem | floor |
| d'Spullmaschinn | dishwasher |
| d'Wäsch | laundry |
| d'Wäschmaschinn | washing machine |
| d'Streckeisen | iron (for clothes) |
| d'Botzfra | cleaner |
| d'Kichen | kitchen |
| d'Stuff | living room |
| d'Iesszëmmer | dining room |
| d'Buedzëmmer | bathroom |
| d'Schlofzëmmer | bedroom |
| de Maart | market |
| d'Geschäft | shop |
| d'Geméis | vegetables |
| d'Uebst | fruit |
| d'Bioprodukter | organic products |
| d'Gewierzer | spices |
| deier ↔ bëlleg | expensive ↔ cheap |
| eemol / zweemol d'Woch | once / twice a week |
| um Weekend | at the weekend |
Questions & answers
Wunnt Dir eleng?
Nee, ech wunnen net eleng. Ech wunne mat menger Fra a mengem Jong zu Déifferdeng. Mir wunnen zënter siwe Joer an engem Appartement an enger Residenz.
English
Do you live alone?
No, I don't live alone. I live with my wife and my son in Differdange. We have been living in an apartment in a residential building for seven years.
Mat wiem wunnt Dir?
Ech wunne mat menger Fra a mengem Jong. Mir hunn en Appartement mat zwee Schlofzëmmer.
English
Who do you live with?
I live with my wife and my son. We have an apartment with two bedrooms.
Wien hëlleft bei Iech am Stot?
Meng Fra an ech maachen de Stot zesummen.
English
Who helps with the housework at your home?
My wife and I do the housework together.
Wéi dacks maacht Dir de Stot?
Eemol d'Woch, meeschtens um Weekend. An der Woch hu mir keng Zäit.
English
How often do you do the housework?
Once a week, usually at the weekend. During the week we have no time.
Wat maacht Dir am Stot?
Ech staubsaugen dat ganzt Appartement. Duerno wëschen ech de Buedem op: an der Stuff, am Buedzëmmer an an de Schlofzëmmer.
Meng Fra botzt d'Kichen an d'Iesszëmmer.
English
What do you do in the housework?
I vacuum the whole apartment. Then I mop the floor: in the living room, in the bathroom and in the bedrooms.
My wife cleans the kitchen and the dining room.
Wat mécht Är Fra?
Si kacht a si këmmert sech ëm d'Wäsch.
English
What does your wife do?
She cooks and she takes care of the laundry.
Hutt Dir eng Botzfra?
Nee, mir hu keng Botzfra. Mir maachen alles zesummen.
English
Do you have a cleaner?
No, we don't have a cleaner. We do everything together.
Maacht Dir gär de Stot?
Jo, ech maachen de Stot gär. Et entspaant mech: ech lauschteren dobäi Musek a sange mat.
Oder: Nee, net wierklech, mee ech muss et maachen.
English
Do you like doing housework?
Yes, I like doing housework. It relaxes me: I listen to music while I do it and sing along.
Or: No, not really, but I have to do it.
Hutt Dir eng Spullmaschinn?
Natierlech! Si ass praktesch a séier, a si spuert Waasser.
English
Do you have a dishwasher?
Of course! It is practical and fast, and it saves water.
Wéi dacks maacht Dir d'Wäsch?
Mir maachen zweemol d'Woch d'Wäsch. Mir strecken net reegelméisseg.
English
How often do you do the laundry?
We do the laundry twice a week. We don't iron regularly.
Streckt Dir gär?
Nee, ech strecken net gär. Ech strecke just seelen. Dofir kafen ech Kleeder, déi een net strecke muss.
English
Do you like ironing?
No, I don't like ironing. I only iron rarely. That's why I buy clothes that don't need ironing.
Wien kacht bei Iech?
Meng Fra kacht d'Iessen. Ech hëllefen hir an der Kichen. Heiansdo maachen ech moies Eeër. Meeschtens kache mir indescht Iessen.
English
Who cooks at your home?
My wife cooks the food. I help her in the kitchen. Sometimes I make eggs in the morning. Mostly we cook Indian food.
Wien geet akafen, a wéini?
Meeschtens ginn ech no der Aarbecht bei den Auchan akafen. Wann ech keng Zäit hunn, geet meng Fra.
English
Who goes shopping, and when?
Usually I go shopping at Auchan after work. If I don't have time, my wife goes.
Wou gitt Dir akafen?
Am Auchan zu Déifferdeng an an engem indesche Geschäft zu Esch-Uelzecht.
English
Where do you go shopping?
At Auchan in Differdange and in an Indian shop in Esch-sur-Alzette.
Wat kaaft Dir?
Ech kafe Geméis, Uebst, Eeër, Schockela, Mëllech, Jughurt an Nuddelen.
English
What do you buy?
I buy vegetables, fruit, eggs, chocolate, milk, yoghurt and pasta.
Kaaft Dir Bioprodukter?
Jo, virun allem Geméis an Uebst. Do si manner Chemikalien dran, an dat ass gutt fir d'Gesondheet.
English
Do you buy organic products?
Yes, especially vegetables and fruit. They contain fewer chemicals, and that is good for your health.
Gitt Dir op de Maart?
Jo, ech ginn ëmmer op de Maart.
English
Do you go to the market?
Yes, I always go to the market.
Bestellt Dir och online?
Heiansdo, wann ech eppes net fannen.
English
Do you also order online?
Sometimes, when I can't find something.
Bestellt Dir Kleeder online?
Nee, Kleeder bestellen ech net online.
English
Do you order clothes online?
No, I don't order clothes online.
Ass et zu Lëtzebuerg méi deier wéi an Ärem Heemechtsland?
Jo, Lëtzebuerg ass deier. An Indien ass et méi bëlleg, an et gëtt do méi Geschäfter a méi Auswiel.
English
Is it more expensive in Luxembourg than in your home country?
Yes, Luxembourg is expensive. In India it is cheaper, and there are more shops and more choice there.
Fannt Dir hei alles, wat Dir braucht?
Meeschtens jo. Mee indesch Gewierzer, wéi Curry-Masala, an indesch Desserten sinn net einfach ze fannen. Déi bréngen ech aus Indien mat.
English
Do you find everything you need here?
Mostly yes. But Indian spices, like curry masala, and Indian desserts are not easy to find. I bring them back from India.
Tip: The examiner asks with Dir (Maacht Dir…? Hutt Dir…?). Answer with ech or mir: Ech maachen…, Mir hunn…. Swap in your own facts: who you live with, where you shop and what you buy.