LëtzQuiz Speaking Gesond liewen
Speaking · A2
Gesond liewen Healthy living
Health
| Word | Plural / form |
|---|---|
| d'Gesondheethealth; to look after your health | op d'Gesondheet oppassen |
| gesondhealthy | gesond sinn / liewen / iessen |
| kranksick, ill | krank sinn |
| d'Ernärungdiet, nutrition | eng gesond Ernärung |
| de Stressstress; to reduce stress | Stress ofbauen (reduzéieren) |
At the doctor
| Word | Plural / form |
|---|---|
| den Hausdokterfamily doctor | Hausdokteren |
| den Zänndokterdentist | Zänndokteren |
| de Kannerdokterpediatrician | Kannerdokteren |
| d'Kontrollcheckup; to go for a checkup | an d'Kontroll goen |
| d'Bluttanalysblood test | Bluttanalysen |
| de Bluttdrockblood pressure; to measure blood pressure | de Bluttdrock moossen |
| de Kappwéiheadache | ech hu Kappwéi |
| de Réckwéi / de Bauchwéibackache / stomachache | ech hu Réckwéi |
| d'Grippflu | eng Gripp hunn |
| d'Erkältungcold | Erkältungen; eng Erkältung hunn |
| de Schnappcold, sniffles | de Schnapp hunn |
| den Houschtcough | den Houscht hunn |
| d'Féiwerfever | Féiwer hunn |
| d'Medikamentmedicine | Medikamenter |
| d'Apdiktpharmacy | Apdikten |
| den Apdikterpharmacist | — |
Activities
| Word | Plural / form |
|---|---|
| Sport maachento do sports; to work out / do yoga | Fitness / Yoga maachen |
| mam Vëlo fuerento ride a bike | — |
| lafe goento go running | ech gi lafen |
| spadséiere goento go for a walk; in the woods | an de Bësch spadséiere goen |
| an d'frësch Loft goento get some fresh air | — |
| sech fit halento keep fit; to stay fit | fir fit ze bleiwen |
| relaxento relax | — |
| raschtento rest | e bësse raschten |
| schlofento sleep; about eight hours | ongeféier aacht Stonne schlofen |
Eating and drinking
| Word | Plural / form |
|---|---|
| frëscht Uebst a Geméisfresh fruit and vegetables | frëscht Uebst a Geméis iessen |
| eppes Liichtes iessento eat something light | eng Zopp, eng Zalot |
| wéineg Zocker iessento eat little sugar | — |
| vill Waasser drénkento drink lots of water | — |
| de Fastfoodfast food | — |
| d'Bioproduktorganic product | Bioprodukter |
| d'Limonadsoda, lemonade | Limonaden |
| vegetaresch / veganvegetarian / vegan | vegetaresch iessen |
Questions & answers
Gesond liewen: Wat heescht dat fir Iech?
Gesond liewen heescht fir mech: gesond iessen, reegelméisseg Sport maachen a genuch schlofen. Et ass och wichteg, de Stress ofzebauen.
Oder: Fir mech heescht dat: op d'Gesondheet oppassen.
English
Healthy living: what does it mean to you?
For me, healthy living means eating healthily, doing sports regularly and getting enough sleep. It's also important to reduce stress.
Or: For me it means looking after my health.
Wat maacht Dir fir gesond ze liewen?
Ech maache reegelméisseg Sport. Sonndes spillen ech Cricket an zweemol de Mount spillen ech Badminton mat menge Frënn. Um Weekend ginn ech gär um Minett Trail spadséieren.
Oder: Ech ginn dräimol d'Woch an de Fitness. Wann d'Wieder gutt ass, fueren ech och gär mam Vëlo.
English
What do you do to live healthily?
I do sports regularly. On Sundays I play cricket, and twice a month I play badminton with my friends. On the weekend I like going for a walk on the Minett Trail.
Or: I go to the gym three times a week. When the weather is good, I also like riding my bike.
Wat maacht Dir fir fit ze bleiwen?
Ech maache reegelméisseg Sport. Ech ginn dräimol d'Woch eng Stonn an de Fitness. Sonndes moies ginn ech och eng Stonn lafen oder ech ginn an d'Schwämm. Ech versichen och de Weekend vill an d'frësch Loft ze goen, zum Beispill an de Park oder an de Bësch. Wann d'Wieder gutt ass, fueren ech och gär mam Vëlo.
Oder: Fir fit ze bleiwen, maachen ech reegelméisseg Yoga, an zwar moies fréi. Dat ass gutt fir mäi ganze Kierper. Ech ginn och all Dag 10 bis 15 Minutten an d'frësch Loft spadséieren.
English
What do you do to stay fit?
I do sports regularly. I go to the gym three times a week for an hour. On Sunday mornings I also go running for an hour or I go to the swimming pool. On the weekend I also try to get a lot of fresh air, for example in the park or in the woods. When the weather is good, I also like riding my bike.
Or: To stay fit, I do yoga regularly, early in the morning. That's good for my whole body. I also go for a walk in the fresh air for 10 to 15 minutes every day.
Wat iesst an drénkt Dir fir gesond ze bleiwen?
Ech probéiere vill frëscht Geméis an Uebst ze iessen. Ech iesse wéineg Fleesch a Fësch. Ech kachen alles selwer a kafe keng fäerdeg preparéiert Platen. Owes iessen ech meeschtens eppes Liichtes, zum Beispill eng Zopp oder eng Zalot. Ech iesse gär Desserten, mee ech versichen net ze vill Zocker ze iessen. Ech drénken all Dag zwee Liter Waasser an ech drénken ni Limonad.
Oder: Ech kachen doheem, ech iesse vill Uebst a Geméis an ech drénke vill Waasser.
English
What do you eat and drink to stay healthy?
I try to eat lots of fresh vegetables and fruit. I eat little meat and fish. I cook everything myself and don't buy ready-made meals. In the evening I usually eat something light, for example a soup or a salad. I like desserts, but I try not to eat too much sugar. I drink two liters of water every day and I never drink soda.
Or: I cook at home, I eat lots of fruit and vegetables and I drink lots of water.
Iesst Dir Fastfood? Firwat? Firwat net?
Nee, ech iesse rar Fastfood, well et net gesond ass. Ech kache léiwer selwer doheem.
Oder: Heiansdo iessen ech eng Pizza mat mengem Jong, mee net all Woch.
English
Do you eat fast food? Why? Why not?
No, I rarely eat fast food because it isn't healthy. I prefer to cook at home myself.
Or: Sometimes I eat a pizza with my son, but not every week.
Wat mengt Dir: Ass vegetaresch oder vegan iessen gesond?
Jo, ech mengen, vegetaresch iessen ass gesond. Mee ee muss gutt oppassen, wat een iesst.
Oder: Ech iesse wéineg Fleesch, mee ech sinn net vegetaresch.
English
What do you think: is eating vegetarian or vegan healthy?
Yes, I think eating vegetarian is healthy. But you have to pay attention to what you eat.
Or: I eat little meat, but I'm not vegetarian.
Iesst Dir Bioprodukter? Ass et méi gesond, Bioprodukter ze iessen?
Heiansdo kafen ech Bioprodukter, zum Beispill Uebst a Geméis. Ech mengen, si sinn e bësse méi gesond, mee si sinn och méi deier.
Oder: Nee, net oft. Bioprodukter sinn zimmlech deier.
English
Do you eat organic products? Is it healthier to eat organic products?
Sometimes I buy organic products, for example fruit and vegetables. I think they are a bit healthier, but they are also more expensive.
Or: No, not often. Organic products are quite expensive.
Maacht Dir Sport? Wéi ee Sport? Wéi oft a wéini?
Jo, ech spille Cricket. Ech spillen all Sonndeg mat menge Frënn an engem Club zu Déifferdeng. Zweemol de Mount spillen ech och Badminton.
Oder: Jo, ech ginn eemol d'Woch lafen, meeschtens sonndes moies.
English
Do you do sports? Which sport? How often and when?
Yes, I play cricket. I play every Sunday with my friends in a club in Differdange. Twice a month I also play badminton.
Or: Yes, I go running once a week, usually on Sunday mornings.
Firwat maacht Dir dëse Sport?
Ech spille Cricket, well et vill Spaass mécht. Et ass gutt fir de Kierper an ech gesi meng Frënn.
Oder: Sport hëlleft mir, de Stress ofzebauen.
English
Why do you do this sport?
I play cricket because it's a lot of fun. It's good for the body and I see my friends.
Or: Sport helps me reduce stress.
Maacht Dir léiwer Sport an enger Grupp oder eleng? Firwat?
Ech maache léiwer Sport an enger Grupp. Et mécht méi Spaass, an ech sinn net eleng.
Oder: Lafe ginn ech léiwer eleng. Da kann ech relaxen.
English
Do you prefer doing sports in a group or alone? Why?
I prefer doing sports in a group. It's more fun, and I'm not alone.
Or: I prefer to go running alone. Then I can relax.
Wéi vill Stonne schlooft Dir gewéinlech?
Gewéinlech schlofen ech ongeféier siwe Stonnen.
Oder: Ech probéieren, aacht Stonnen ze schlofen, mee dat ass net ëmmer einfach.
English
How many hours do you usually sleep?
I usually sleep about seven hours.
Or: I try to sleep eight hours, but that's not always easy.
Wéi informéiert Dir Iech iwwer d'Gesondheet?
Ech liesen Artikelen um Internet a lauschteren heiansdo Podcasten. Wann ech eng Fro hunn, froen ech mäin Hausdokter.
Oder: Ech froen dacks den Apdikter oder den Dokter.
English
How do you find out about health?
I read articles on the internet and sometimes listen to podcasts. When I have a question, I ask my family doctor.
Or: I often ask the pharmacist or the doctor.
Hutt Dir Hausdéieren? Ass dat gutt fir d'Gesondheet? Wat mengt Dir?
Nee, mir hu keng Hausdéieren. Mee ech mengen, en Hond ass gutt fir d'Gesondheet, well een all Dag spadséiere geet.
Oder: Jo, mir hunn eng Kaz. Eise Jong spillt gär mat hir.
English
Do you have pets? Is that good for your health? What do you think?
No, we don't have pets. But I think a dog is good for your health, because you go for a walk every day.
Or: Yes, we have a cat. Our son likes playing with her.
Waart Dir als Kand oft krank?
Nee, als Kand war ech rar krank. Heiansdo hat ech eng Erkältung am Wanter.
Oder: Jo, als Kand hat ech dacks eng Gripp.
English
Were you often sick as a child?
No, as a child I was rarely sick. Sometimes I had a cold in winter.
Or: Yes, as a child I often had the flu.
Wat maacht Dir, wann Dir Kappwéi hutt?
Wann ech Kappwéi hunn, drénken ech vill Waasser a raschten e bëssen. Wann et net besser gëtt, huelen ech e Medikament.
Oder: Ech ginn an d'frësch Loft spadséieren. Dat hëlleft mir.
English
What do you do when you have a headache?
When I have a headache, I drink lots of water and rest a little. If it doesn't get better, I take a medicine.
Or: I go for a walk in the fresh air. That helps me.
Gitt Dir reegelméisseg bei den Dokter?
Ech ginn eemol d'Joer bei den Hausdokter an d'Kontroll an zweemol d'Joer bei den Zänndokter. Den Dokter moosst mäi Bluttdrock, an ech maachen eng Bluttanalys. Ech si rar krank. Heiansdo hunn ech de Schnapp oder den Houscht am Wanter. Ech hunn och heiansdo Kappwéi, mee dofir ginn ech net bei den Dokter. Da huelen ech Medikamenter. Ech gi reegelméisseg mat mengem Jong bei de Kannerdokter, entweder an d'Kontroll oder wann hie krank ass.
Oder: Jo, ech ginn eemol d'Joer bei den Hausdokter an d'Kontroll.
English
Do you go to the doctor regularly?
Once a year I go to my family doctor for a checkup, and twice a year to the dentist. The doctor measures my blood pressure, and I have a blood test. I'm rarely sick. Sometimes I have a cold or a cough in winter. I also sometimes have a headache, but I don't go to the doctor for that. Then I take medicine. I regularly go to the pediatrician with my son, either for a checkup or when he is sick.
Or: Yes, I go to my family doctor for a checkup once a year.
Wat maacht Dir, wann Dir eng Erkältung hutt?
Da bleiwen ech doheem, drénke waarmen Téi a schlofe vill.
Oder: Ech kafen e Medikament an der Apdikt.
English
What do you do when you have a cold?
Then I stay at home, drink hot tea and sleep a lot.
Or: I buy a medicine at the pharmacy.
Fëmmt Dir?
Nee, ech fëmmen net. Dat ass ongesond.
Oder: Nee, ech hunn ni gefëmmt.
English
Do you smoke?
No, I don't smoke. It's unhealthy.
Or: No, I have never smoked.
Wat maacht Dir géint de Stress?
Ech ginn an d'frësch Loft spadséieren oder ech spille Cricket.
Oder: Ech lauschtere Musek a relaxen doheem.
English
What do you do against stress?
I go for a walk in the fresh air or I play cricket.
Or: I listen to music and relax at home.
Tip: fir … ze puts the verb at the end: Wat maacht Dir fir fit ze bleiwen? Separable verbs take ze in the middle: ofbauen → de Stress ofzebauen. Pain is wéi hunn: Ech hu Kappwéi (n drops before K). Going to the doctor: bei den Hausdokter goen, but bei de Kannerdokter (n-rule). Spelling per LOD: reegelméisseg with ee, zimmlech with mm.