LëtzQuiz Speaking Mäi Wunnuert
Speaking · A2
Mäi Wunnuert Where I live
Wunneng a Quartier — interview Q&A
Questions and answers
Wou wunnt Dir an zënter wéini?
Ech wunnen zu Déifferdeng. Ech wunnen zënter sechs Joer zu Lëtzebuerg.
English
Where do you live, and for how long?
I live in Differdange. I have been living in Luxembourg for six years.
Wou hutt Dir virdru gewunnt?
Ech hunn zu Schëffleng gewunnt.
English
Where did you live before?
I lived in Schifflange.
Wou hutt Dir gewunnt, wéi Dir fir d'éischt op Lëtzebuerg geplënnert sidd?
Ech hunn zu Schëffleng gewunnt, wéi ech fir d'éischt op Lëtzebuerg geplënnert sinn.
English
Where did you live when you first moved to Luxembourg?
I lived in Schifflange when I first moved to Luxembourg.
Wéi laang hutt Dir do gewunnt?
Ech hunn ee Joer zu Schëffleng gewunnt.
English
How long did you live there?
I lived in Schifflange for one year.
Wat fir eng Zort Wunneng hutt Dir? Beschreift Är Wunneng!
Ech wunnen an engem schéinen a gemittlechen Appartement um Rez-de-Chaussée. Meng Wunneng ass ongeféier 80 (aachtzeg) Quadratmeter grouss an huet zwee Schlofzëmmeren.
Et gëtt eng Kichen, eng gemittlech Stuff, e Schlofzëmmer fir d'Elteren an e Schlofzëmmer fir d'Kand. Mir hunn och zwee Buedzëmmeren: eent mat enger Buedbidden an eent mat enger Dusch.
Ausserdeem hu mir eng schéin Terrass, wou mir bei guddem Wieder kënne relaxen an Zäit mat der Famill verbréngen.
Am Ënnergeschoss hu mir eng Parkplaz fir eisen Auto an e Keller, wou mir eis Saache kënne späicheren.
Ech wunnen immens gär an dësem Appartement, well hie gemittlech, praktesch a grouss genuch fir eis Famill ass.
English
What kind of home do you have? Describe your home!
I live in a beautiful and cozy apartment on the ground floor. My apartment is approximately 80 (eighty) square meters and has two bedrooms.
There is a kitchen, a cozy living room, a bedroom for the parents and a bedroom for the child. We also have two bathrooms: one with a bathtub and one with a shower.
In addition, we have a beautiful terrace where we can relax and spend time with the family when the weather is nice.
In the basement, we have a parking space for our car and a cellar where we can store our belongings.
I really enjoy living in this apartment because it is cozy, practical and spacious enough for our family.
Wat ass déi dominant Faarf an dengem Doheem?
Déi dominant Faarwe si wäiss, schwaarz a brong. D'Mauere si wäiss an d'Miwwele si meeschtens brong a schwaarz.
English
What is the dominant color in your home?
The dominant colors are white, black and brown. The walls are white and the furniture is mostly brown and black.
Wou verbréngs du vill Zäit doheem? Firwat?
Ech verbréngen déi meescht Zäit doheem an der Stuff, well se grouss a hell ass. Heiansdo schaffen ech an der Stuff. Owes kucken ech och mat menger Famill an der Stuff Tëlee.
English
Where do you spend a lot of time at home? Why?
I spend most of my time at home in the living room, because it is big and bright. Sometimes I work in the living room. In the evening, I also watch TV with my family in the living room.
Ass et einfach, an denger Strooss eng Parkplaz ze fannen? Ass d'Parken gratis?
Et ass einfach, eng Parkplaz ze fannen. Et gëtt e grousse Parking no beim Gebai. D'Parken op der Strooss ass net gratis. Ech parken mäin Auto an der Garage.
English
Is it easy to find a parking space on your street? Is parking free?
It is easy to find a parking space. There is a big car park near the building. Parking is not free on the street. I park my car in the garage.
Ass vill Verkéier an dengem Quartier / an denger Strooss?
Leider ass de ganzen Dag vill Verkéier, well den Akafszentrum OPKORN direkt viru mengem Appartement ass.
English
Is there a lot of traffic in your neighborhood / street?
Unfortunately, there is a lot of traffic all day because the OPKORN shopping center is directly in front of my apartment.
Wat fir Geschäfter gëtt et do?
Viru mengem Gebai ass den Akafszentrum OPKORN. Do sinn bal 25 Geschäfter, zum Beispill en Auchan-Supermarché, eng Bank, eng Post, eng Bäckerei, eng Apdikt a vill Caféen a Restauranten. Am Quartier gëtt et och zwou Banken, d'CNS, de Steierbüro an eng international Schoul.
English
What kind of shops / businesses are there?
There is the OPKORN shopping center in front of my building. There are almost 25 shops and restaurants in it, for example an Auchan supermarket, a bank, a post office, a bakery, a pharmacy and many cafés and restaurants. There are also two banks, the CNS, the tax office and an international school in the neighborhood.
Wéi gefält dir däi Quartier? Firwat?
Et gefält mir ganz gutt, wou ech wunnen. Den ëffentlechen Transport an d'Stad ass och ganz gutt. Alles, wéi d'Bank, de Supermarché, d'Apdikt, de Café an d'Schoul, ass just 5 Minutten ze Fouss ewech.
English
How do you like your neighborhood? Why?
I really like where I live. Transport links to the city are also very good. All the amenities, like the bank, the supermarket, the pharmacy, the café and the school, are a 5-minute walk away.
Kanns du do e Café oder e Restaurant recommandéieren?
Et gëtt e puer Restauranten. Fir e Kaffi ginn ech an de Café Paul, a fir z'iessen ginn ech an de Restaurant CRUDO & VINO. Dofir recommandéieren ech dës zwee.
English
Can you recommend a café or restaurant there?
There are a few restaurants. For coffee I go to Paul, and for food I go to CRUDO & VINO. So I recommend these two.
Ass däi Quartier geféierlech oder sécher?
Eise Quartier ass ganz sécher. Et gëtt e Park an eng Schoul an der Géigend, an d'Nopere si léif. Déi meescht vun eisen Noperen si Famillje mat Kanner.
English
Is your neighborhood dangerous or safe?
Our neighborhood is very safe. There is a park and a school nearby, and the neighbors are nice. Most of our neighbors are families with children.
Wat kann een an dengem Quartier mat Kanner maachen?
Et gëtt e schéine Park mat enger Spillplaz. Am Park kann een spadséiere goen, Fussball spillen, mat de Kanner Vëlo fueren oder souguer e Picknick maachen. An der Schoul gëtt et och e Sportsterrain fir Basketball a Fussball.
English
What is there to do with children in your neighborhood?
There is a lovely park with a playground. In the park, you can go for a walk, play football, ride bikes with the children, or even have a picnic. There is also a sports ground at the school for basketball and football.
Wéi sinn d'Verbindunge vun doheem op d'Aarbecht / an d'Stad?
Ech fueren normalerweis mam Auto op d'Aarbecht. Heiansdo huelen ech den Zuch oder de Bus. Eisen Appartement ass net wäit vun der Gare oder vum Busarrêt. Ech hunn och gutt Verbindungen an d'Stad.
English
What are the transport links like from your home to work / to the city?
I usually go to work by car. Sometimes I go by train or bus. Our apartment isn't far from the train station or the bus stop. I also have good connections to the city.
Sinn Hausdéieren an der Residenz erlaabt?
Jo, Hausdéiere sinn an der Residenz erlaabt. Zwou Familljen an eisem Gebai hunn Hënn.
English
Are pets allowed in the apartment complex?
Yes, pets are allowed in the complex. Two families in the building have dogs.
Gëtt et do e Club oder e Veräin?
Jo, et gëtt e puer Sportsveräiner zu Déifferdeng.
English
Is there a club or association there?
Yes, there are a few sports clubs in Differdange.
Kenns du deng Noperen? Wéi sinn se?
Jo, ech kennen e puer Noperen. Mäin direkten Noper ass Lëtzebuerger a schafft bei der CFL. Mäin aneren Noper ass Immobiliëmakler. Si hu keng Kanner. Si si ganz léif a frëndlech.
English
Do you know your neighbors? What are they like?
Yes, I know a few neighbors. My next-door neighbor is Luxembourgish and works for CFL. My other neighbor is a real estate agent. They don't have children. They are very nice and friendly.
Tip: Answer in full sentences and reuse the words of the question: "Ass et einfach, eng Parkplaz ze fannen?" → "Et ass einfach, eng Parkplaz ze fannen."