LëtzQuiz Open free app

LëtzQuiz Speaking Medien an Technologien

Speaking · A2

Medien an Technologien Media and technology

Questions & answers

Wat bedeit Technologie fir Iech? Firwat hutt Dir dëst Thema gewielt?

Technologie bedeit vill Saache fir mech. Ech hunn dëst Thema gewielt, well ech all Dag Technologie benotzen. Zum Beispill benotzen ech den Internet, e Computer an en Handy fir meng Aarbecht. Ech sichen Informatiounen online a kommunizéiere mat menge Kolleegen a menger Famill. Ech benotzen och Kichenapparater fir ze kachen. Ech maachen Akeef online. Ech benotze sozial Medien. Dofir ass Technologie ganz wichteg fir mech.

Oder: Ech benotzen all Dag Technologie, op der Aarbecht an doheem.

English

What does technology mean to you? Why did you choose this topic?

Technology means many things to me. I chose this topic because I use technology every day. For example, I use the internet, a computer, and a mobile phone for work. I search for information online and communicate with my colleagues and my family. I also use kitchen appliances for cooking. I shop online. I use social media. That is why technology is very important to me.

Or: I use technology every day, at work and at home.

Wéi eng Medien oder Technologie benotzt Dir, fir um Lafenden ze bleiwen?

Ech lauschtere Podcasten a kucke YouTube, fir déi neisten Informatiounen ze kréien. Ech lauschteren och Radio am Auto, meeschtens RTL, fir um Lafenden ze bleiwen.

Oder: Meeschtens lauschteren ech RTL am Auto.

English

What media or technology do you use to stay up to date?

I listen to podcasts and watch YouTube for the latest news. I also listen to the radio in the car, usually RTL, to stay up to date.

Or: I mostly listen to RTL in the car.

Wéi eng Rubricke vun den Neiegkeeten interesséieren Iech?

Am léifste liesen ech Neiegkeeten iwwer Sport an Autoen. Ech verfollege gär verschidden Zorte vu Sport, wéi zum Beispill Fussball oder Cricket. Ech liesen och iwwer lokal an international Neiegkeeten.

Oder: Ech liese gär iwwer Sport, virun allem iwwer Cricket.

English

Which sections of the news interest you?

My favorite news topics are sports and cars. I like following all kinds of sports, such as football and cricket. I also read local and international news.

Or: I like reading about sports, especially cricket.

Wéi eng Technologie benotzt Dir reegelméisseg?

Natierlech sinn ech all Dag um Internet ënnerwee, entweder iwwer mäin Handy oder mäi Laptop. Owes kucken ech gär Serien op Netflix mat menger Fra. Ech benotzen all Dag mäin Handy; ech lauschteren domat och Musek.

Oder: Ech benotzen all Dag mäin Handy a mäi Laptop.

English

What technology do you use regularly?

Of course, I am on the internet every day, on my mobile phone or my laptop. In the evenings, I like watching series on Netflix with my wife. I use my phone every day; I also listen to music on it.

Or: I use my phone and my laptop every day.

Wéi vill Zäit verbréngt Dir all Dag um Internet fir privat Zwecker? Firwat?

Ech sinn ongeféier 6 bis 7 Stonnen den Dag um Internet. Ech schaffen als Informatiker, dofir muss ech vill um Internet surfen. Owes kucken ech mat menger Fra Serien op Netflix, an ech lauschteren och Musek op mengem Handy. Dat mécht mir Spaass.

Oder: Ongeféier 6 bis 7 Stonnen, well ech Informatiker sinn, Serie kucken a Musek lauschteren.

English

How much time do you spend on the internet for personal use each day? Why?

I spend about 6 to 7 hours a day on the internet. I work as an IT specialist, so I have to browse the internet a lot. In the evenings, I watch series on Netflix with my wife, and I also listen to music on my phone. I enjoy it.

Or: About 6 to 7 hours, because I'm an IT specialist, I watch series, and I listen to music.

Sidd Dir op sozialen Netzwierker / soziale Medien aktiv?

Jo, awer ech benotze se nëmmen heiansdo.

Oder: Jo, ech benotze WhatsApp, mee net Facebook.

English

Are you active on social networks / social media?

Yes, but only sometimes.

Or: Yes, I use WhatsApp, but not Facebook.

Wéini hutt Dir Ären éischten Handy kritt? / Zanter wéini hutt Dir en Handy?

Ech hu mäin éischten Handy kritt, wéi ech 19 Joer al war. Mäi Papp huet e mir kaaft. Ech war esou frou.

Oder: Mäin éischten Handy war e Cadeau vu mengem Papp.

English

When did you get your first mobile phone? / How long have you had a mobile phone?

I got my first mobile phone when I was 19 years old. My father bought it for me. I was so happy.

Or: My first phone was a gift from my father.

Wéi wichteg ass Ären Handy fir Iech? (Fir wat benotzt Dir en?)

Mäin Handy ass ganz wichteg fir mech. Ech benotzen en am Dag fir d'Aarbecht. Ech benotzen en och, fir mat menger Famill a Frënn ze kommunizéieren.

Oder: Ouni mäin Handy kann ech net liewen.

English

How important is your mobile phone to you? (What do you use it for?)

My mobile phone is very important to me. I use it for work during the day. I also use it to communicate with my family and friends.

Or: I can't live without my phone.

Hutt Dir Ären Handy um Dësch leien, wann Dir iesst? Wéini?

Heiansdo, wann ech eleng sinn. Wann ech mat Frënn oder der Famill iessen, benotzen ech mäin Handy net, an ech loossen en och net um Dësch leien. Dat wier onhéiflech.

Oder: Nee, wann ech mat menger Famill iessen, ass mäin Handy net um Dësch.

English

Do you keep your mobile phone on the table while you eat? When?

Sometimes, when I am alone. When I eat with friends or family, I don't use my phone, and I don't leave it on the table. That would be impolite.

Or: No, when I eat with my family, my phone is not on the table.

Wéi dacks tauscht Dir Ären Handy aus?

Ech benotze mäin Handy, bis e futti geet, well Handye ganz deier sinn. Mäi leschten Handy hunn ech 5 Joer laang benotzt.

Oder: Ech kafen nëmmen en neien Handy, wann den alen Handy futti ass.

English

How often do you replace your mobile phone?

I use my phone until it breaks, because mobile phones are very expensive. I used my last phone for five years.

Or: I only buy a new phone when the old one is broken.

Maacht Dir Fotoe mat Ärem Handy? Wéi vill Fotoen hutt Dir op Ärem Handy? Wat maacht Dir mat de Fotoen? (Deelt Dir se, oder behaalt Dir se just fir Iech?)

Ech maache gär Fotoe mat mengem Handy. Ech hunn eng ganz Rëtsch Fotoen drop. Ech deelen d'Fotoen, mee Fotoe vun historeschen oder touristesche Plaze behalen ech fir mech.

Oder: Ech hu ganz vill Fotoen op mengem Handy.

English

Do you take photos with your mobile phone? How many photos do you have on your phone? What do you do with the photos? (Do you share them, or keep them just for yourself?)

I like taking photos with my phone. I have a lot of photos on it. I share my photos, but I keep photos of historical or tourist sites for myself.

Or: I have so many photos on my phone.

Wéi eng Apps benotzt Dir reegelméisseg?

Ech benotzen am meeschte WhatsApp, fir a Kontakt mat menger Famill a Frënn ze bleiwen. YouTube benotzen ech fir alldeeglechen Inhalt. Ech kucken och Serien iwwer Netflix an Amazon.

Oder: Meng Liblingsapp ass WhatsApp.

English

Which apps do you use regularly?

I use WhatsApp the most, to stay in touch with my family and friends. I use YouTube for everyday content. I also watch series on Netflix and Amazon.

Or: My favorite app is WhatsApp.

Wéi ee YouTube-Kanal kuckt Dir am léifsten?

Mäi Liblings-YouTuber fir Technologie ass MKBHD, a fir Autoen ass et Carwow.

Oder: Ech kucken am léifsten MKBHD a Carwow.

English

What is your favorite YouTube channel?

My favorite YouTuber for technology is MKBHD, and for cars it's Carwow.

Or: I like watching MKBHD and Carwow the most.

Hutt Dir e Fernseh? Wéi eng Technologie benotzt Dir, fir Filmer ze kucken?

Jo, natierlech hunn ech e Fernseh. Normalerweis kucken ech Filmer iwwer Netflix, Amazon oder Disney. Heiansdo ginn ech an de Kino, mee ech kucke se léiwer doheem iwwer dës Apps.

Oder: Jo, mee ech kucke meeschtens Filmer op Netflix.

English

Do you have a TV? What technology do you use to watch movies?

Yes, of course I have a TV. I usually watch movies on Netflix, Amazon, or Disney. Sometimes I go to the movie theater, but I prefer watching movies at home on these apps.

Or: Yes, but I mostly watch movies on Netflix.

Kuckt Dir Filmer oder Serie léiwer um Handy oder op engem Tablet, Laptop oder Fernseh? Firwat?

Ech kucke Filmer léiwer doheem op mengem Fernseh, well ech se gär op engem groussen Ecran kucken. Um Handy kucken ech keng Filmer.

Oder: Um Fernseh, well den Ecran méi grouss ass.

English

Do you prefer watching movies or series on your mobile phone, or on a tablet, laptop, or TV? Why?

I prefer watching movies at home on my TV, because I like watching them on a big screen. I don't watch movies on my phone.

Or: On the TV, because the screen is bigger.

Lauschtert Dir Radio? Wéini? Wou? Wat lauschtert Dir?

Ech lauschtere Radio, wann ech mam Auto ënnerwee sinn, zum Beispill RTL oder L'essentiel. Doheem lauschteren ech kee Radio.

Oder: Jo, am Auto, wann ech op d'Aarbecht fueren.

English

Do you listen to the radio? When? Where? What do you listen to?

I listen to the radio when I am driving, for example RTL or L'essentiel. I don't listen to the radio at home.

Or: Yes, in the car, when I drive to work.

Schreift Dir Kommentaren am Internet, zum Beispill op Bloggen, YouTube oder Facebook?

Nee, ech schreiwe néierens Kommentaren.

Oder: Nee, ech liesen nëmmen d'Kommentaren.

English

Do you post comments online, for example on blogs, YouTube, or Facebook?

No, I don't post comments anywhere.

Or: No, I only read the comments.

Zanter wéini hutt Dir e Laptop oder en Tablet? Firwat benotzt Dir esou en Apparat?

Ech hunn eigentlech zwee Laptoppen: ee fir mech privat an ee fir d'Aarbecht. Mäi private Laptop hunn ech viru ronn dräi Joer kaaft. De Laptop fir d'Aarbecht hunn ech zanter fënnef Joer; ech hunn e vu mengem Patron kritt. (Ech benotze mäi private Laptop net besonnesch dacks; ech benotze léiwer mäin Handy.)

Oder: Ech benotze mäi Laptop meeschtens fir d'Aarbecht.

English

How long have you had a laptop or tablet? Why do you use one?

I actually have two laptops: one for personal use and one for work. I bought my personal laptop about three years ago. I've had my work laptop for five years; I got it from my employer. (I don't use my personal laptop very often. I prefer using my phone.)

Or: I mostly use my laptop for work.

Wéi eng Technologie benotzt Dir, fir online anzekafen? Wat fir Saache kaaft Dir online?

Ech benotzen d'Amazon-App op mengem Handy, fir online anzekafen. Ech kafen do Elektronik, Geschenker a Spillsaachen.

Oder: Ech kafen normalerweis mam Handy op Amazon an.

English

What technology do you use for online shopping? What kind of things do you buy online?

I use the Amazon app on my phone to shop online. I buy electronics, gifts, and toys there.

Or: I usually shop on Amazon with my phone.

Liest Dir Zeitungen? Wéi eng?

Ech liese keng Zeitungen op Pabeier. Heiansdo liesen ech d'Neiegkeeten online op RTL Today.

Oder: Ech liesen d'Neiegkeeten op mengem Handy.

English

Do you read newspapers? Which ones?

I don't read paper newspapers. Sometimes I read the news online on RTL Today.

Or: I read the news on my phone.

Wat sinn d'Virdeeler an d'Nodeeler vum Handy?

E Virdeel: Ech kann ëmmer mat menger Famill telefonéieren. En Nodeel: Mir sinn ze vill um Handy.

Oder: Den Handy ass praktesch, mee heiansdo ass e stresseg.

English

What are the advantages and disadvantages of mobile phones?

An advantage: I can always call my family. A disadvantage: we spend too much time on our phones.

Or: A phone is practical, but sometimes it is stressful.

Benotze Kanner haut ze vill Technologie?

Jo, dat mengen ech. Kanner spillen dacks um Tablet oder um Handy. Si sollte méi dobausse spillen.

Oder: Jo, Kanner brauche méi Zäit dobaussen.

English

Do children use too much technology today?

Yes, I think so. Children often play on a tablet or a phone. They should play outside more.

Or: Yes, children need more time outside.

Kuckt Dir Lëtzebuerger Fernseh oder lauschtert Dir Lëtzebuerger Radio?

Jo, ech lauschteren am Auto RTL Radio. Dat hëlleft mir, Lëtzebuergesch ze léieren.

Oder: Heiansdo kucken ech d'Noriichten op RTL.

English

Do you watch Luxembourgish TV or listen to Luxembourgish radio?

Yes, I listen to RTL Radio in the car. It helps me learn Luxembourgish.

Or: Sometimes I watch the news on RTL.

Wéi war d'Liewen ouni Handy?

Wéi ech e Kand war, hat ech keen Handy. Ech hu mat Frënn dobausse gespillt. D'Liewen war méi roueg.

Oder: Ouni Handy war d'Liewen méi einfach.

English

What was life like without a mobile phone?

When I was a child, I didn't have a phone. I played outside with friends. Life was calmer.

Or: Life was simpler without a phone.

Spillt Dir Videospiller?

Nee, ech spille keng Videospiller. Ech spille léiwer Cricket.

Oder: Heiansdo spillen ech Spiller op mengem Handy.

English

Do you play video games?

No, I don't play video games. I prefer playing cricket.

Or: Sometimes I play games on my phone.

Tip: The n-rule also works on the pronoun en (it): ech benotzen en (n stays before a vowel) but bis e futti geet (n drops before f). Zanter wéini? = Since when? Handy and Laptop are masculine; the plurals are Handyen and Laptoppen. well sends the verb to the end: … well Handye ganz deier sinn.