LëtzQuiz Speaking Moud and Kleeder
Speaking · A2
Moud and Kleeder Fashion and clothes
Questions & answers
Ass d'Moud wichteg fir Iech? Wéi informéiert Dir Iech iwwer d'Moud?
D'Moud ass ganz wichteg fir mech. Ech interesséiere mech fir déi nei Faarwen an Designen, fir d'Summer- an d'Wanterkleeder an och fir d'Accessoiren. Ech suivéieren och gär déi nei Moud bei de Schong. Ech informéiere mech um Internet iwwer d'Moud.
Oder: D'Moud ass net esou wichteg fir mech. Ech doe gär unis a bequeem Kleeder un. Allerdéngs informéieren ech mech iwwer d'Moud, wann ech an d'Butteker ginn.
English
Is fashion important to you? How do you keep up with fashion?
Fashion is very important to me. I'm interested in the new colors and designs, in summer and winter clothes, and also in accessories. I also like to follow the new trends in shoes. I keep up with fashion online.
Or: Fashion isn't that important to me. I like to wear plain and comfortable clothes. However, I keep up with fashion when I go to the shops.
Wéi dacks a wéini gitt Dir Kleeder akafen?
Ech ginn normalerweis zweemol am Joer Kleeder akafen: am Ufank vum Summer an am Ufank vum Wanter. Ech kafe gär nei Kleeder. Ech ginn och an d'Solden, fir Kleeder anzekafen.
English
How often and when do you go clothes shopping?
I usually go clothes shopping twice a year: at the beginning of summer and at the beginning of winter. I like buying new clothes. I also go to the sales to buy clothes.
Mat wiem gitt Dir Kleeder akafen? Firwat?
Ech gi mat menger Fra akafen. D'Meenung vu menger Fra ass mir ganz wichteg.
English
Who do you go clothes shopping with? Why?
I go shopping with my wife. My wife's opinion is very important to me.
Wou kaaft Dir d'Kleeder? Kaaft Dir och Kleeder am Ausland? Kaaft Dir Kleeder um Internet? Wat sinn d'Virdeeler dovun?
Ech kafe meng Kleeder gewéinlech an engem Shoppingzenter, zum Beispill an der Cloche d'Or an am Designer Outlet Luxembourg. Do hunn ech vill Choix an ech fannen alles, wat ech brauch. Heiansdo ginn ech och an d'Ausland Kleeder akafen. An Däitschland sinn d'Kleeder an d'Schong méi bëlleg, awer net ëmmer esou moudesch.
Et ass séier an einfach, um Internet ze bestellen, mee ech bestelle keng Kleeder um Internet, well ech se léiwer uprobéieren. Dofir kafen ech se normalerweis am Buttek.
English
Where do you buy your clothes? Do you also buy clothes abroad? Do you buy clothes online? What are the advantages?
I usually buy my clothes in a shopping center, for example at Cloche d'Or and at the Designer Outlet Luxembourg. There I have a lot of choice and I find everything I need. Sometimes I also go abroad to buy clothes. In Germany, clothes and shoes are cheaper, but not always as fashionable.
Ordering online is fast and easy, but I don't order clothes online, because I prefer to try them on. That's why I usually buy them in the store.
Wat fir Kleeder dot Dir un, fir schaffen ze goen?
Ech doen en unist Hiem an e Kostüm un, wann ech eng Reunioun mat menge Clienten hunn. Anerefalls kann ech op der Aarbecht lässeg Kleeder undoen.
English
What clothes do you wear to work?
I wear a plain shirt and a suit when I have a meeting with my clients. Otherwise, I can wear casual clothes at work.
Wat fir Kleeder dot Dir doheem an am Alldag un?
Doheem doen ech gewéinlech en T-Shirt an e Short un. Awer wann ech doheem schaffen, hunn ech en Hiem un, well ech vläicht eng Online-Reunioun hunn.
English
What clothes do you wear at home and in everyday life?
At home, I usually wear a T-shirt and shorts. But when I work from home, I wear a shirt, because I might have an online meeting.
Wat fir Kleeder dot Dir un, fir op eng Grillparty ze goen?
Ech doe léiwer bequeem Kleeder un, wann ech meng Frënn treffen. Dofir doen ech en T-Shirt, eng Box an e Pullover un.
English
What clothes do you wear to go to a barbecue?
I prefer to wear comfortable clothes when I meet my friends. So I wear a T-shirt, pants and a sweater.
Wat fir Kleeder dot Dir am Wanter un, fir an d'Stad ze goen?
Am Wanter doen ech eppes Waarmes un, well et kal ass. Ech doen e Pullover an eng Box un. Ech doen och eng Mutz, Händschen an e Schal un. Fir waarm ze bleiwen, doen ech Stiwwelen un.
English
What clothes do you wear in winter to go into town?
In winter, I wear something warm, because it's cold. I wear a sweater and pants. I also wear a hat, gloves and a scarf. To stay warm, I wear boots.
Gitt Dir an d'Solden? Firwat oder firwat net?
Jo, ech ginn an d'Solden, fir Kleeder anzekafen. Dat ass méi bëlleg, mee et ass och méi schwéier, alles ze fannen, wat ech brauch.
English
Do you go to the sales? Why or why not?
Yes, I go to the sales to buy clothes. It's cheaper, but it's also harder to find everything I need.
Kaaft Dir Occasiounskleeder?
Jo, ech kafen Occasiounskleeder. Si si méi bëlleg wéi nei Kleeder, an heiansdo fannen ech ganz schéi Kleeder. Meng Fra an ech gi gär an d'Occasiounsbutteker.
Oder: Nee, ech kafe keng Occasiounskleeder.
English
Do you buy second-hand clothes?
Yes, I buy second-hand clothes. They are cheaper than new clothes, and sometimes I find very nice clothes. My wife and I like going to second-hand stores.
Or: No, I don't buy second-hand clothes.
Dot Dir léiwer sportlech oder léiwer klassesch Kleeder un?
Et hänkt vum Dag of. Um Weekend doen ech léiwer sportlech a bequeem Kleeder un. Fir d'Aarbecht doen ech allerdéngs léiwer klassesch Kleeder un. Ech mengen, datt jiddereen sech op der Aarbecht schick kleede soll.
English
Do you prefer to wear sporty or classic clothes?
It depends on the day. On the weekend, I prefer to wear sporty and comfortable clothes. For work, however, I prefer classic clothes. I think everyone should dress smartly at work.
Mussen d'Kanner an Ärem Heemechtsland eng Uniform an der Schoul unhunn? Wat sinn d'Virdeeler an d'Nodeeler vun enger Uniform an der Schoul?
A mengem Heemechtsland ass eng Uniform an der Schoul obligatoresch. Esou kann een d'ekonomesch Ënnerscheeder tëscht de Schüler verstoppen. En Nodeel ass, datt d'Uniform deier ass.
English
Do children in your home country have to wear a uniform at school? What are the advantages and disadvantages of a school uniform?
In my home country, a school uniform is compulsory. That way, you can hide the economic differences between the students. One disadvantage is that the uniform is expensive.
Wat fir Accessoiren a Bijouen hutt Dir all Dag a fir speziell Occasiounen un?
Ech hu gär Aueren. Ech hunn all Dag meng CASIO G-SHOCK un. Fir speziell Occasiounen hunn ech eng méi elegant Auer un. Wann d'Wieder kal ass, hunn ech eng Mutz, e Schal an Händschen un.
English
What accessories and jewellery do you wear every day and for special occasions?
I like watches. I wear my CASIO G-SHOCK every day. For special occasions, I wear a more elegant watch. When the weather is cold, I wear a hat, a scarf and gloves.
Tip: undoen (to put on, wear) splits in a sentence: Ech doen e Pullover un. The examiner asks with Dir: Wat dot Dir un? To say what you are wearing right now, use unhunn: Ech hunn en Hiem un.